Spillen, Entdecken, Aktivitéiten & Alldagmomenter



 
Een Dag an eiser Crèche — aus der Vue vum Kand

All Dag gëtt un de Rhythmus a Bedierfnesser vum Kand ugepasst, besonnesch bei de klengsten am  Babygrupp.
Dat heescht, ech kann mir Zäit huelen, schlofen, iessen oder spillen, wéi ech et brauch.

Moiesroutine
Wann ech ukommen, begréissen d’Erzéier*innen mech häerzlech. Ech dinn meng Jackett aus a raumen meng Saachen a meng Case.

An menger Grupp kann ech entscheeden wat ech wëll maachen — bauen, molen, Bicher kucken oder spillen, Moiesiesse &
um Moieskreess mat Lidder a Reimer deelhuelen.
Hei fillen ech mech secher a wuel.

Prett maachen & vill Zäit dobaussen
Befier mir erausginn, dinn mir Jacketten, Stiwwelen, Reenboxen oder Matschkleeder (je no Wieder) un.
Mat Ennerstetzung vun mengen Erzéier*innen léieren ech meng Saachen fannen an selwer undinn. 

Dobausse kann ech
schaukelen, rutschen, klammen oder balancéieren,
mech an der Hütt verstoppen a spillen,
an de Pull sprangen a fräi entdecken, ...

All Dag entdecke mir eppes Neies
Blieder, Naturmaterialien, Steng, Insekten,
Sand, Matsch a kachen an der Outdoor-Kichen,
Wand, Reendrepsen, Villercher a Schleeken, ...

Meeschtens gi mir an de Bësch
klooteren den Hang erop,  balancéieren iwwer ee Baamstamm a ginn den Spueren no.
Mir erfannen eis eege Spiller an lauschteren de Geschichten noo, déi d’Erzéier*innen erzielen.

Kreativ Momenter & Aktivitéiten
Ob dobannen oder dobausse, mir  léieren an entdecken, 
mir molen a Bastelen,
entdecken verschidden Texturen a Materialien,
mir maachen Musek mat Instrumenter,
bauen eenTuerm an Hütten ,
erfannen Geschichten an Dänz ,
planzen Blummen a beobachten ewéi se wuessen,
léieren nei Wierder an anere Sproochen ,
mir experimentéieren mat Waasser, Sand, Matsch a Liicht &
et ass emmer ee Projet mat ennerscheedleche Themen amgaangen (oft entspriechend der Joereszäit).

Allgemeng Fleeg
Mir wäschen eis Hänn, ginn op d’Toilette oder kréien d’Pampers gewiesselt.
Dës Routinne hëllefen Hygiène an Autonomie ze stärken.

Mëttesiessen,  e Moment vum Zesummekommen
Beim Mëttesiesse sëtze mir zesummen a genéissen e waarmt Iessen.
Ech léieren “Wann ech gelift” an “Merci” ze soen, main Tour ofzewaarden a mir schwätzen iwwer eisen Dag.

Mëttesrascht & Nomëttes
Nom Mëttesiesse rouen ech mech aus — schlofen oder lauschteren e bësse roueg Musek.
Spéider spille mir erëm, ginn eraus oder huelen un enger anerer Aktivitéit deel.

Heemgoen
Wann meng Elteren ukommen, lafen ech mat engem Laachen op si zou, weise meng Schätz an erziele Geschichten.
D’Erzéier*innen erziele menger Mamma a mengem Pappa , wat ech haut gemaach hunn, wéi ech mech gefillt hunn a wat ech entdeckt hunn.
Et ass e Moment fir sech zesummen auszetauschen.