Aktivitéiten

Aktivitéiten


Spillen an Entdecken - pädagogesch Aktivitéiten - Alldagmomenter
 
Den Dag an der Crèche ass no den individuellen Rythmen, Bedirfnisser an Interessen vum Kand organiséiert.
Mir leeën vill Wäert op d‘Fräispill a Fräizäit, ob dobannen, dobaussen oder an der Emgéigend.
All Dag ginn och Aktivitéiten oder Atelieren ugebueden, déi op verschidden Handlungsberäicher oder pädagogesch Projete baséieren:
 
D'Entdeckung vun der Natur an der Ëmwelt mat alle Sënner.
D'Welt vun der Kommunikatioun a Méisproochegkeet. An der Crèche kommen d’Kanner an eng méisproocheg Welt, wou die Haaptemgangssprooch Lëtzebuergesch a Franséisch ass.
Musek
Kreativitéit, Konscht a Phantasie
Bewegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet
Emotiounen a sozial Relatiounen
Wäerter an Demokratie
Joereszäiten an Traditiounen

 
Mir ënnerstëtzen Kanner an hir Famillen an Iwwergangszäiten (wéi z.B. Agewinnungswochen virum Start an der Crèche).

Fir d’Kommunikatioun tëscht der Crèche an de Familljen z’ënnerstëtzen, schaffe mir mat
- d'App Kidola 
- Online Journal de bord
 
>>>> News