Mat Freed opwuessen


Eng Plaz, wou all Kand eenzegaarteg ass
Zanter 2003 begleede mir mat Freed vill kleng Kanner bei hiren éischten Entdeckungen an hirer beschter méiglecher Entwécklung – ëmmer no hirem eegene Rhythmus a mat Respekt fir hir Besoinen.
 
Raimlechkeeten, déi fir Kanner geduecht sinn
Eist Haus vun 500 m², ëmgi vun engem méi wéi 800 m² grousse Bausseberäich . bitt de Kanner een séchert Ëmfeld wou si sech wuel fillen. 

All Grupp huet seng Raim déi un den Alter an un d’Intressien vun de Kanner ugepasst sinn.
Raim fir ze entdecken, ze spillen, kreativ ze sinn an ze léieren. Plazen fir ze dreemen, sech ze beweegen, ze bauen an all Dag eppes Neies ze léieren. 

Eis Gruppen :
D'Blummewiss  - 13 Kanner vun 0 bis 2 Joer
Am Wiichtelland - 8 Kanner vun 1,5 bis 4 Joer
Am Märchebesch , (Natur & Beschgrupp) - 13 Kanner vun 2 bis 4 Joer


D’Natur – eise léifste Spillraum
An der Crèche Millepattes gehéiert d’Natur zum Alldag. All Dag ginn d’Kanner eraus spillen -ob Reen, Wand oder Sonn . 
  • De Gaart mat Spillplaz, Sandkëscht, Spillhaisecher asw. 
  • De Bësch,, dee mir zu Fouss erreechen
  • Allerlee Ausflig an der Ëmgéigend (Park, Bauerenhaff etc.)
Eng lieweg an oppe Pädagogik, eng non-formell Bildung
  • déi dat deeglecht Wuelbefannen, d’Entwécklung an d’Autonomie stäerkt
  • déi d’Léiere mëttels Spill, Entdeckung an eng Villfalt u Aktivitéiten ënnerstëtzt
  • wou Diversitéit, Inklusioun an d’Zesummenaarbecht mat de Familljen am Mëttelpunkt stinn
Eng stabil an engagéiert Equipe
Kompetent, professionell, stabill a méisproocheg (LUX, FRA, DEU, ENG, POR, ESP, RUS, UKR, HRW),
Iwwer Fachwëssen eraus deele mir  wichteg Wäerter : mat Léift a Respekt fir d’Wuelbefanne vun de Kanner ze schaffen.
 
D’Iessen
Eis Moolzechte ginn all Dag vu Food for Kids gekacht a geliwwert – enger Kichen déi exklusiv fir déi Kleng ausgeriicht ass.
  • Dräi Menüarten, ugepasst un d’Alters- an Iessentwécklung
  • Alternativ Menüe bei Allergien an Intoleranzen
  • Traditiounell Kachen mat frëschen a saisonale Produkter
  • Prioritéiert vun Produzente vun der Regioun
Dir well méi wëssen?
Hutt Dir eng Fro? Wëllt Dir eis besichen? Dann zeckt net fir eis ze kontaktéieren.
Mir hunn nach fräi Plazen a bidden Horairen un, déi Äre Besoinen entsprieche wäerten.